Match Izeg - Éinen

Match Izeg - Éinen

Izeg - Éinen 7-0 (4-0)

De Match ass denkbar schlecht ugaangen, duech eng schlecht Ofwierstellung ass Izeg schonn an der 7. Minutt mat 1-0 a Féierung gaangen. 
No 25 Minutte stung et dunn duech 2 individuel Feeler 3-0, duerno sollt et awer liicht bësser fir de Vinesca laafen an de Ball as gutt hin an hier gespillt ginn.
E Sonndegschoss kuerz virun der Paus huet déi Izeger 4-0 a Féierung bruecht.

An der Paus huet den Trainer ëmgestallt an den 1. Wiessel virgeholl. Leider sollt dësen och net déi erwënschten Zündung bréngen an de Match ass duech weider 3 Goaler mat 7-0 verluer gaangen.

De Match ass verdéngt verluer gaangen, wann och mat e puer Goaler zevill.

An den nächsten Deeg wäerten nach e puer Spiller zréck aus der Vakanz kommen, sou datt ee méi positiv no vir ka kucken an de Kapp net scho soll hänke loossen.

Allez Vinesca!