Match Éinen - Zowaasch

Match Éinen - Zowaasch

Éinen - Zowaasch 2-0 (1-0)

Bei dësem Wieder an och de Konditioune vum Terrain war vun Ufank u kloer, datt et keen einfache Match fir béid Équipe giff ginn.
Sou war et dunn och an den eischte Minutten, datt de Ball eischter méi duech Zoufall um Poteau vum Éiner Goal geland ass.
Duerno hat de Vinesca de Match awer méi vum Match an et huet ee sech déi eng oder aner kleng Goalchance eraus gespillt.
Ëm déi 25. Minutt ass de Spiller Andy alleng op de Goal gelaf, mee dëse Spiller huet de Ball dou liicht verzunn a leider lénks laanscht de Goal gesat.
Mee net all ze laang drop an der 34. Minutt huet den Hugo de Ball no engem Schoss vum Serge recupéréiert a laanscht déi ganz Ofwier, sou wéi och dem Keeper zum 1-0 fir de Vinesca an de Filet gesat.
Nees kuerz drop war et erëm den Andy deen de Ball no engem Seitfallzieher knapp laanscht de Goal gesat huet.
Mat 1-0 ass et an d'Paus gaangen.

No der wuelverdéngter Paus ass de Vinesca mat neiem Elan aus der Vestiaire komm an et huet ee gemierkt, datt de Match nach laang net eriwwer ass.

An der 57. Minutt huet de Luis e Fräistouss aus gudder Positioun zum 2-0 am Goal ënnerbruecht an d'Jonge waare sichtlech frou iwwert dëse Goal.

Duerno ass de Match méi oder manner dacks am Mëttelfeld verlaf a richteg Chance waren just nach eischter selten op beide Seiten, sou datt de Match Schlussendlech verdéngt mat 2-0 op en Enn gaangen ass.

Vinesca Éinen:
Monteiro Nelson, Neves Michael, Da Silva Luis, Mendes Cristovao, Pocas Sergio, Borges Valdi, Jasarovic Adnan, Pereira Dan, Dantas Hugo, Lommel Andy, Mangen Serge

Bänk:
Backes Pol, Machado Steven, Mendes Ruben, Da Costa Rafael, Moreno Adilson

Goal:
34. Minutt Dantas Hugo
57. Minutt Da Silva Luis

Awiesslung:
69. Minutte Mendes Ruben fir Lommel Andy
73. Minutt Machado Steven fir Dantas Hugo
83. Minutt Da Costa Rafael fir Mangen Serge