Match Éinen - Uespelt
1. Réih: Hortas Jerson, Gomes Marcio, Backes Sven, Borges Valdi, Jasarovic Adnan, Machado Steven, Pereira Dan, da Silva Luis; 2. Reih: Monteiro Nelson, Mendes Ruben, Mendes Cristovao, Dantas Hugo, Esa Raul, Mangen Serge, Backes Pol, Lommel Andy, Neves Mic

Match Éinen - Uespelt

Éinen - Uespelt 0-2 (0-1)

Dëse Match sollt eigentlech de Startschoss fir d'Saison sinn, no zwou héichen Défaiten hat de Vinesca sech virgeholl dëse Match aanescht unzegoen an endlech een, wann net souguer dräi Punkten ze huelen.
Mee meeschtens kënnt et aanescht wéi geplangt an sou ass Uespelt no engem Corner an der 3. Minutt an duech ee gelongenen Dropkickschoss mat 1 zu 0 a Féierung gaangen.
No dësem batteren Ufank vum Match ass de Vinesca net gutt an de Match komm, de Spiller war d'Nervositéit unzegesinn an de Ball ass net gutt an de Réihen hin an hir gespillt ginn. Anstatt Rouh an de Match ze kréien a sech Chancen eraus ze spillen ass de Ball mat vill Nervositéit hin an hir gespillt ginn wat vill onnéideg Ballverloschter mat sech bruecht huet.

Sou ass de Match dann och an d'Halbzäit gaangen.

Aus dëser ass de Vinesca dann och leider net gestäerkt eraus komm an et huet ee gesmierkt, datt d'Jongen d'Nervositéit einfach net sollte lass ginn. D'zweet Halschent war plus ou moins eng Kopie vun der eischter Halschent, sou datt net immens vill bei de Jongen zesumme gelaaf ass. De Fitnessréckstand vu ville Spiller ass hinnen dann och nach zum Verhängnis ginn wéi zum Schluss vun der zweeter Halschent e Spiller vun Uespelt de Ball am Mëttelfeld recuperéiert hat an duech en einfachen Doppelpass d'ganz Hannermannschaft vum Vinesca ausgespillt huet an de Ball just nach huet misse laanscht de Keeper zum 2 zu 0 Endresultat an de Goal geschoss ginn.

ALs Fazit muss ee leider soen, datt och dëse Match verdéngt verluer gaangen ass, well vun Ufank u keng Rou op den Terrain komm ass.

Den Trainer huet nach vill Aarbescht viru sech, mee mri sinn iwwerzeegt, datt mam Vinesca nach ze rechnen ass.

Allez Vinesca!