Match Éinen - CSO

Match Éinen - CSO

Éinen - CSO 1-2 (1-2)

De Match hàtt bal net besser kinnten ufänken, well schonn an der 3. Minutt gouf et e Latentreffer vum Vinesca-Spiller Jerson.
D'Vinesca-Jongen si ganz gutt an de Match komm an hu sech an de Minutten duerno och déi eng oder aner Chance eraus gespillt, déi awer net wierklech genotzt gi sinn.

An der 19. Minutt no engem Aworf huet den Jerson de Ball super an de Strofraum geflankt, wou de Ruben ganz alleng war an de Ball zum 1-0 fir de Vinesca an de Filet gesat huet.

No dësem Goal sinn d'Vinesca-Jongen awer net méi richteg an de Rhytmus komm an et huet een hinnen hier Nervositéit ugesinn.
Et sollt dofir och net all ze laang daueren, well an der 27. Minutt op Corner stunge ganzer 3 Mann vum CSO fräi an duech eng méi oder manner glécklech Aart a Wéis (Hackegoal) ass de Ball zum 1-1 am Goal vum Vinesca geland. Et muss ee soen, datt hei d'Ofwier net op der Plaz war an de Nelson am Goal keng Chance hat de Ball ofzewieren.

An de Folgeminutten ass beim Vinesca kee richtege Spillfloss komm an et hat een d'Impressioun wéi wann d'Käpp bei verschiddene Spiller net um Terrain waren. De Ball ass nervös hin an hir gespillt ginn an eng immens héich Unzuel vu Feelpassen sinn an der 1. Halbzäit gespillt ginn.

Sou koum et dann och wéi et komme muss, an der 45. Minutt op e Feeler un eisem Spiller Steven, deen den Arbitter net gepaff huet, waren d'Vinesca-Jongen scho méi an der Halbzeit-Paus, wéi nach um Terrain, hunn d'Spiller vum CSO sech gutt duech gesat an hire Stiermer ass kuerz virum Strofraum fräi zum Schoss komm an hien hat och kee Probleem dëse Ball dann zum 1-2 an dem Goal ënner ze bréngen.

Mat 1-2 ass et dunn och an d'Paus gaangen, déi sollt natierlech genotzt ginn fir de Kapp nees fräi ze kréien.

Den Trainer schéngt léider déi richteg Wierder net fonnt ze hunn, oder hunn d'Jongen se net héieren, mee d'Nervositéit ass net verluer gaangen, sou datt och an der 2. Halschent kee richtege Spillfloss zu stane komm ass.

Et gëtt och net vill nennenswertes an der 2. Halschent ze berichten ausser enger gudder Flank an de Strofraum, mee de Serge konnt de Ball net richteg kontrolléieren, sou datt dësen sou just iwwert d'Lat gaangen ass anstatt an de Goal.

Et muss een awer och ervir hiewen, datt ouni den Nelson am Goal de Match nach vill schlëmmer hätt kinnten ausgoen, well dësen huet immens vill Chancen an der 2. Halschent vum CSO veréitelt.

Als Fazit kann ee just soen, datt dëse Match onnéideg, mee net onverdéngt verluer ginn ass.

Mir hätten op e positiv Resultat nom gewonnene Match zu Kéinzeg gehofft, wat awer leider ausbliwwen ass.

Allez Vinesca!

Spiller:
Monteiro Nelson, Neves Michael, da Silva Luis, Mendes Cristovao, Hortas Jerson (46. De Staercke Tom), Machado Steven, Borges Valdi, Mendes Ruben, Jasarovic Adnan, Mangen Serge (75. da Silva Antonio), Backes Pol (65. Dantas Hugo)
Bänk: Gomes Marcio, Dantas Hugo, De Staercke Tom, da Silva Antonio, da Costa Rafael
Trainer: Gengler Philippe
Giel Kaarten: Mendes Cristovao, da Silva Luis, Machado Steven
Goal: Mendes Ruben (19. Minutt)