Déi eischt 3 Punkten fir de Vinesca

Déi eischt 3 Punkten fir de Vinesca

Kéinzeg - Éinen 2-3 (1-0)

Den eischte Match an der Woch an ënner Flutlicht ass vun Ufank un méi wéi eescht geholl ginn. Et huet ee gesinn, datt de Vinesca net schonn nees als Verléierer wollt den Terrain verloossen.

D'Jongen hu vu Ufank u ganz engagéiert gespillt a sech net beire gelooss. De Ball ass gutt gerullt, mee leider heut déi lescht Pass net ëmmer sou geklappt wéi ee sech dat virgestallt huet, sou datt d'Chancen an der eischter Halbzäit praktesch ausbliwwe sinn. Hannendra stung de Vinesca och ganz konzentréiert an et ass net vill duech gelooss ginn.

An der 40. Minutt op Hand vun engem Aworf an duech e falsch Stellungsspill sinn déi Kéinzeger Jongen, duech e platzéierte Schoss ausserhalb vum Stroofraum, mat 1 zu 0 a Féierung gaangen.

De Vinesca huet dorophinn de Kapp awer net hänke gelooss an hat Sekonne virun der Paus d'Méiglechkeet de Match auszegläichen, mee leider ass de Schoss vum Valdi laanscht de Goal gaangen a sou ass et mam Réckstand an d'Paus gaangen.

Den Trainer vum Vinesca schéngt awer déi richteg Wierder an der Paus fonnt ze hunn, well d'Jonge si mat ganz neiem Elan aus der Paus komm an et huet ee gemierkt, datt do nach eppes dran ass.

Sou koum et dann och an der 54. Minutt, datt de Steven, no enger Flank vum Valdi, fräi zum Kappball konnt goen an dëse platzéiert laanscht de Keeper an de Filet gesat huet. 1-1 an eis Jonge wollten net labber loossen. De Ball ass gutt gerullt an d'Passe sinn op de Mann komm, mee et huet bis an d'74. Minutt gedauert bis de Steven, no enger Pass vum Géigner, nees konnt op de Goal zéien an de Ball laanscht de Keeper an de Goal geschoss huet. Mee domat net genuch an 10. drop huet de Steven, no enger super Pass vum Valdi, de Ball zum 1-3 fir eis Faarwen an de Goal geschoss. E super Hattrick vum Steven, dee sech dësen an der zweeter Halbzäit méi wéi verdéngt huet.

4 Minutte viru Schluss huet Kéinzeg de Match nach eemol spannend gemaach an den 2-3 geschoss, mee et sollt fir si net méi duer goen a sou gewënnt de Vinesca säin eischte Match an dëser nach jonker Saison.

Allez Vinesca!

Spiller:
Monteiro Nelson, Neves Michael, da Silva Luis, Hortas Jerson, Machado Steven, Borges Valdi, Mendes Ruben, Jasarovic Adnan, De Staercke Tom, Mangen Serge (65. da Costa Rafael), Backes Pol (85. da Silva Antonio)
Bänk: Esa Raul, Mendes Cristovao, Gomes Marcio
Trainer: Gengler Philippe
Giel Kaarten: Mendes Ruben, Jasarovis Adnan, da Costa Rafael
Goaler: Machado Steven (54., 74. a 84. Minutt)