Coupe de Luxembourg Éinen - Veianen
1. Reih: Monteiro Nelson, Pereira Dan, Machado Steven, Martins Alex, Lima William, Da Silva Luis, Agostino David, Neves Michael; 2. Reih: Binsfeld Roger, Lommel Yves, Da Costa Rafael, Mendes Ruben, Backes Pol, Esa Raul, Lommel Andy, Thines Pier, Mendes Cr

Coupe de Luxembourg Éinen - Veianen

Éinen - Veianen 2-1 (0-0)
Déi eischt Minutte ware beid Équipen zimlech nervös, dat huet sech och bei de Chancen a Chanceverwertung gewissen. 
Béid Équipen haten an den 20 eischte Minutte hir Chancen, déi awer kee Resultat sollte mat sech bréngen. 
No 2 batteren Neierlagen am Chsmpionnat war de Vinesca drop beduecht hanne gutt ze stoen a Rou ze behalen. Dëst huet déi 1. Halschent och zimlech gutt geklappt, sou datt et mat engem 0-0 an d'Paus gaangen ass. 

Kuerz no der Paus hat de Vinesca dann och besser Chance wéi de Geigner, mee och leider ass hei net vill draus ginn.
An der 77. Minutt huet Veianen e Spiller mat Giel-Rout vum Terrain gesat kritt. 2 Minutten drop huet Veianen dann trotz Ënnerzuel zougeschloen an ass duech e Ball dee kuerz virum Keeper opgetippt ass an sou schlecht ze hale war mat 0-1 a Féierung gaangen.
Mee de Vinesca huet de Kapp net hänke gelooss a sech Chance u Chance erausgespillt. 6 Minutte méi speit setzt den Steven Machado op senger lénker Säit duech, zitt an de Strofraum a konnt de Keeper vu Veianen iwwerwannen, sou datt mir de Score egaliséiert hunn. 
Mam 1-1 huet de Vinesca sech awer net zefridde gewissen, kee wollt eng Verlängerung oder souguer en 11-Meter scheissen.
An der 91. Minutt huet den Arbitter e Spiller vu Veianen  mat Rout vum Terrain gestallt an e puer Sekonnen drop huet de Pol Backes mat engem proppere Schoss ausserhalb vum Strofraum de Vinesca mat 2-1 a Féierung bruecht.
Dëst sollt dann och duer goen an de Vinesca ass als Gewënner vum Terrain gaangen.

De Vinesca steet also an der 2. Ronn vun der Coupe an erhofft sech datt dësen Exploit och eng Initialzündung fir de Championnat ass.

Allez Vinesca!